Stater GarePresuméierten Drogendealer op frëscher Dot ertappt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend gouf e presuméierten Drogeverkeefer no engem méiglechen Drogendeal tëscht 2 Persoune festgeholl.
© RTL-Archiv

Well de Verdacht bestoung, dass de Verdächtegen Drogen ofgeschléckt hat, gouf eng klinesch Untersuchung vum Parquet ordonéiert. Dobäi goufe 7 Bulle Kokain fonnt.

Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an hat e Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. D'Drogen an en Telefon goufen iwwerdeems saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO