
D'Premièresschüler vum LGL um Lampertsbierg hu sech dëse Spaass dëse Freideg de Moien erlaabt, an op allen Autoen e Protokoll hannerlooss. D'Strofdot, déi begaange soll gi sinn, ass vermierkt mat "Schlecht geparkt".
Et gëtt dozou opgeruff 5 Euro via Digicash un de "Saint Nicolas" z'iwwerweisen, oder um 14 Auer Cash ze bezuelen, dëst bei der Barrière fir erof vum Parking.
Wéi RTL gewuer gouf, sollt dës Aktioun awer just op der Enceinte vum Lycée oflafen. Et war ausdrécklech net geplangt gewiescht, dass d'Ziedelen op Autoen ausserhalb vun der Enceinte verdeelt ginn.
Wéi gesot, dës Protokoller sinn offensichtlech fake a mussen natierlech net bezuelt ginn.
