Entrevue ALJP/Xavier BettelPremier ass sech dem Problem vum Informatiounszougang fir d'Press bewosst

RTL Lëtzebuerg
Entrevue en Donneschdeg tëscht der Journalistenassociatioun ALJP an dem Premier a Medieminister Xavier Bettel.
(v.l.n.r.) Staats- und Medienminister Xavier Bettel, Céline Flammang und Thierry Zeien („Service des médias et des communications), Ingo Zwank (ALJP-Vorstandsmitglied), Luc Caregari (ALJP-Generalsekretär), Roger Infalt (ALJP-Präsident) und Misch Pautsch (ALJP-Vorstandsmitglied)

© Hervé Montaigu

Wéi et vun der ALJP an engem Communiqué heescht, hätt den DP-Politiker an deem Kontext duerchblécke gelooss, datt hie sech dem Problem vum Informatiounszougang fir d'Press bewosst wier. Verschidde Verwaltungsmataarbechter a Mataarbechterinnen, grad wéi Beamte géifen déi sougenannt "Circulaire Bettel" alt falsch interpretéieren.

Hie wier gewëllt, an noer Zukunft Verbesserungsproposen ze maachen, sou de Staatsminister. Dobäi sollt och den Avis vum Conseil de Presse mat afléissen. Donieft soll dem Xavier Bettel no och d'Transparenzgesetz, wat den Zougang vun all Bierger a Biergerinnen zu ëffentlechen Dokumenter reegelt, deemnächst iwwerschafft ginn. D'Journalistenassociatioun ALJP kritiséiert zanter Joren de schlechten Informatiounszougang fir d'Press zu Lëtzebuerg.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO