
Zu Leideleng huet et e Samschdeg géint 17 Auer an der rue Eich an engem Stall gebrannt. Et blouf beim Materialschued. Nieft der Ambulanz vu Beetebuerg waren och d'Pompjeeë vu Leideleng, Monnerech, Esch, Beetebuerg an aus der Stad, grad wéi de Groupe de sauvetage animalier op der Plaz.
E Sonndeg am Nomëtteg huet den 112 dann nach en Accident mat engem Moto gemellt. Dat war géint 15:30 Auer de Mëtteg tëscht Housen a Rouderssen. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt. Zu Steeën op der Schrondweilerstrooss war e klenge Vegetatiounsbrand. Hei ass kengem eppes geschitt.