Vun e Méindeg un ass de Mondschutz (och d'Nues muss dobäi bedeckt ginn) am ëffentlechen Transport obligatoresch. De Vizepremier an Transportminister François Bausch huet e Freideg de Mëtteg op enger Pressekonferenz betount, datt en entspriechend Reglement e Freideg vum Regierungsrot ugeholl gouf. Donieft géifen natierlech och all déi aner Reegelen, déi bis ewell gegollt hunn, weider gëllen, huet de François Bausch ënnerstrach. Och d'Kontrolle vun der Police wäerte weider lafe wéi déi lescht Wochen, well d'Beweegunge vun de Leit weider ageschränkt musse ginn. Wann ee sech net un d'Reegele mam Mondschutz hält, riskéiert een eng Amende vun 145 Euro. D'Beweegunge misste weider ageschränkt ginn, fir datt d'Chiffere vun den Infizéierten net erëm klammen.
D'Offer am ëffentlechen Transport misst dem François Bausch no eréischt vum 4. Mee un eropgefuer ginn, wann d'Premièren erëm ufänken an d'Schoul ze goen. Op de Pôles d'échanges an de gréissere Garë ginn Info points opgeriicht.
Mat de Chantieren, déi e Méindeg erëm opginn, huet de Minister erkläert, datt de Staat profitéiere wëll a prioritär do geschafft soll ginn, wou elo manner Trafic ass, fir datt d'Chantiere besser a méi séier virukommen. Dorënner falen zum Beispill d'Kräizunge vum Tramschantier, d'Aarbechten op den Autobunnen an de Bau vu Schoulen.
Wat d'Aarbechtsrecht ugeet, huet den zoustännege Minister Dan Kersch dann erkläert, datt fir den Etat de crise nei Reglementer gëllen, wëll d'Sécherheets- a Gesondheetsmesuren un d'Corona-Kris hu missen ugepasst ginn. Ënnert anerem mussen d'Leit informéiert a forméiert ginn, Désinfectant op de Chantieren disponibel sinn, d'Sécherheetsekipement un d'Situatioun ugepasst ginn oder d'Lokaler, an deene geschafft gëtt, reegelméisseg gebotzt ginn.
Wat déi nei Reglementer ugeet, fir déi et dem Aarbechtsminister no e grousse Konsens tëscht der Regierung, de Sozialpartner, Patronen an de Gewerkschaften gouf, gëtt och kontrolléiert, datt dës agehale ginn. D'ITM wäert do eng wichteg Roll spillen.
Den Dan Kersch huet a senger Funktioun als Sportminister dann och nach op d'Fro geäntwert, ob an den nächste Wochen nach u Sport-Kompetitiounen ze denke wier?
Den Dan Kersch: "Et ass jo esou, dass d'Sportinfrastrukturen insgesamt alleguerten zou sinn. Anzwar fir all Sportaarten. An de Premier huet de leschte Freideg och gesot, dass d´Regierung decidéiert huet, dass dat bis den 31. Juli esou wäert bleiwen. Dofir eriwwert sech déi Fro, well keng Sportaktivitéiten am Prinzip stattfannen.
