
Dofir huet ee Kontrollen op Evenementer oder Chrëschtmäert respektiv a Restauranten, Bistroen oder Hotelle gemaach. Sollten Organisateuren oder Patrone géint déi aktuell Corona-Reglementer verstouss hunn, goufe si protokolléiert an et gouf e Bericht un déi zoustänneg Autoritéite gemaach. Gäscht oder Eenzelpersounen hu missten eng Strof bezuelen.