Rar TechnikPolice organiséiert international Formatioun iwwer Gesiichtsrekonstruktioun

RTL Lëtzebuerg
Mat enger internationaler Formatioun iwwer Gesiichtsrekonstruktioun setzt d'Police grand-ducale op eng rar Technik, déi beim Identifizéiere vun onbekannten Affer hëlleft.
D'Technik kënnt virun allem am Kader vu kriminellen Ermëttlungen zum Asaz, wann Affer net méi identifizéiert kënne ginn.
© MICROGEN IMAGES/SCIENCE PHOTO LI/Science Photo Library via AFP

D'Police organiséiert zu Lëtzebuerg vum 3. bis de 7. August eng international Formatioun iwwer Gesiichtsrekonstruktioun. Dobäi huele Policebeamten aus de Benelux-Länner, der Groussregioun an och zwee Polizsiten aus Abu Dhabi deel.

D'Formatioun gëtt op Initiativ vun der Police grand-ducale organiséiert a gëtt vum Joe Mullins vun der George Mason University School of Forensic Science an den USA ënnerstëtzt. D'Zil ass et, d'Participanten an der Technik vun der Gesiichtsrekonstruktioun auszebilden, fir datt si spéider an hire jeeweilegen Departementer als Experten an dësem Beräich kënnen agéieren.

D'Technik kënnt virun allem am Kader vu kriminellen Ermëttlungen zum Asaz, wann Affer net méi identifizéiert kënne ginn. Mat Hëllef vun der Gesiichtsrekonstruktioun ass et méiglech, d'Gesiicht vun enger Persoun op Basis vun de Schiedelknachen ze modelléieren an esou d'Identifikatioun ze ënnerstëtzen.

D'Police grand-ducale hat schonn am Joer 2025 zwee Beamte fir e puer Wochen an den USA ausbilde gelooss. Si gehéieren domat zu de wéinege Policeexperten an Europa, déi dës Technik beherrschen.

Engem entspriechende Communiqué no verfüügt d'Police grand-ducale domat och iwwer deen éischten offiziellen interne Police-Service an Europa, dee Gesiichtsrekonstruktiounen ubitt.

Back to Top
CIM LOGO