
Gréisstendeels war entweder d'Musek ze haart, Clientë vu Lokaler op de Stroossen oder Noperen. An deene meeschte Fäll hätten d'Leit sech asiichteg gewisen, wéi d'Police bis op der Plaz war, ma ee Lokal zu Esch/Uelzecht gouf protokolléiert. E weidere Protokoll gouf et dann zu Izeg, well e Lokal keng fräi Nuecht ugefrot hat.
Da mellt d'Police nach 3 Ausenanersetzungen an der Stad, zu Miersch an zu Esch/Uelzecht, bei deene Gewalt am Spill war.
E Freideg den Owend koum et um Belval an der Avenue du Rock'n'Roll zu engem Iwwerfall. E jonke Mann krut vun hanne seng gëlle Kette vum Hals gerappt, den Täter huet sech doropshin direkt aus dem Stëbs gemaach.