
An der Nuecht op e Sonndeg gouf der Police e Fall vu Kierperverletzung an Déifstall an de Rives de Clausen gemellt. Éischten Informatiounen no soll e Mann vun zwee anere Männer geschloe gi sinn.
D'Affer konnt sech zwar an e Bus a Sécherheet bréngen, ma wéi de Mann de Bus nees verlooss huet, huet hie festgestallt, datt säi Boergeld an eng Halskette geklaut gi waren. D'Police huet eng Enquête ageleet.
Schonn e Samschdeg géint 16:45 Auer war et zu Gréiwemaacher, op der Héicht vun der Kierch, zu engem versichten Déifstall vun enger Halskette komm. Zwee Täter sollen e Mann vun hannen approchéiert a probéiert hunn, him d'Ketten erofzerappen.
D'Affer konnt sech wieren, wouropshin déi zwee Verdächteger geflücht sinn. De Mann gouf dobäi net blesséiert an d'Police huet Sich an Ermëttlung an d'Weeër geleet.
Donieft goufen an de leschte Stonnen och e puer Abréch an Haiser a Gefierer am ganze Land gemellt. Zu Bouneweg goufen e Samschdeg géint 14:15 Auer e puer Kellerraim vun engem Appartementshaus op der Place Jeanne d'Arc opgebrach. D'Spueresécherung war op der Plaz.
An der Nuecht op e Sonndeg, géint 1:10 Auer, gouf en Abroch an en Haus an der Route de Gilsdorf zu Dikrech gemellt. Am Kader vun enger Sich huet d'Police zwee Männer kontrolléiert, déi op d'Beschreiwung vun de Verdächtege gepasst hunn.
Si goufen op de Policebüro bruecht, wou si identifizéiert goufen. Déi weider Ermëttlunge lafen.