Parquet confirméiertPolice hëlt zwee Verdächteger an Zesummenhang mat dräifachem Mord a Südafrika fest

RTL Lëtzebuerg
Ugangs dës Mounts goufen a Südafrika dräi Leit ëmbruecht. D'Täter ware geflücht a koume wéi et ausgesäit op Lëtzebuerg.
© Laurent Weber

Dës Woch elo goufen am Kader vun dëser Affär zwee Verdächteger hei am Land festgeholl. Dat huet de Parquet eis op Nofro hi confirméiert. Et handelt sech ëm Persoune vu 44 an 71 Joer, déi a Frankräich wunnen. Si ware via europäeschen Haftbefeel gesicht ginn, dee vum franséische Parquet Coutances ausgestallt gi war. D'Prozedure lafe fir d'Leit u Frankräich auszeliwweren.

Liest hei d'Schreiwes vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO