Esch/UelzechtPolice entdeckt hallwe Kilo Haschisch bei Persounekontroll

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg huet d'Police eng Persoune-Kontroll op der Brillplaz duerchgefouert.
© RTL Archiv

Nodeems d'Beamte bei enger Persoun de Geroch vun Haschisch wouergeholl hunn, gouf dës Persoun duerchsicht. Dobäi goufen ongeféier en hallwe Kilo Haschisch, Drogenutensilien, en grouss Zomm Boergeld an e puer Handye confisquéiert.

De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO