Op de sozialen Reseau hat dëser Deeg e Video d'Ronn gemaach, wou een Opnamen vun der Diddelenger Autobunn gesäit, wou virun der Aire de Berchem eng hallef Dosen Leit vun engem Camion erofsprangen, deen an Direktioun franséisch Grenz ënnerwee war an op der Pannespuer stoe blouf.
Et dierft sech dobäi ëm Leit gehandelt hunn, déi op der Flucht sinn, respektiv ëm Asyl froen.
D'Police konnt bis ewell dës speziell Faiten net confirméieren, déi sech Enn leschter Woch dierften ofgespillt hunn. Gefilmt gouf aus enger Firmen-Camionette eraus.
Net méi spéit wéi e Mëttwoch de Moie kuerz virun 10 Auer koum et awer nees zu engem änlechen Tëschefall. Dëst d'Kéier op der Aire de Capellen, wou och nees Leit aus der Remork vun engem Camion fortgelaf sinn.
D'Police konnt dës Faiten RTL géintiwwer confirméieren. D'Patrullen op der Plaz konnten och eng hallef Dose Leit interceptéieren.
Wéi et an esou Fäll Usus ass, koum d'Friemepolice op d'Plaz an den Ausseministère këmmert sech ëm déi weider Prozedure respektiv ëm eventuell Demanden, déi dës Leit, op Asyl stellen.
D'Police huet RTL géintiwwer dann och confirméiert, datt dëse Phänomen näischt Neits wier, an datt esou Faiten effektiv an de leschte Méint méi dacks virkomm sinn. Et géif sech meeschtens ëm Persounen handelen, déi aus Afrika oder dem Noen Osten geflücht sinn an deenen hiert Zil Groussbritannien ass.
Als Fortbeweegungsmëttel ginn duerfir heefeg Camione gebraucht an déi d’Leit zum Beispill op Autobunns-Tankstatiounen eraklammen.
Ëmmer nees passéieren esou Camionen dann op hirem Transit-Wee duerch Europa natierlech och Lëtzebuerg. Dëser Deeg goufen et dann op d'mannst zwee Incidenten, wou Leit hei am Land aus de Remorquen erausgeklomme sinn, fir hiren Trajet weiderzeféieren.