
Zënter knapp zwee Joer kann een och op der Plattform Letzshop.lu akafen an déi gëtt - grad an dësen Zäiten - ëmmer méi beléift bei de Geschäftsleit aus dem Grand-Duché.
Eleng an den éischten 9 Méint vun dësem Joer sinn 204 Commercen online gaangen. 120 dovunner am Abrëll.
Déi Chifferen nennt de Mëttelstandsminister Lex Delles an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen vun de Piraten.
Zuelen, wéi vill Geschäfter sech ofmellen, ginn et dogéint keng, ma de Minister präziséiert awer, datt e Geschäft sech am Kontrakt fir 24 Méint un d'Plattform bënnt.
D'Zuel vun de Produiten, déi op Letzshop ugebuede ginn, variéiert aktuell tëschent 345.000 an 370.000.
Bannent bal 5 Méint waren iwwer 450.000 User op Letzshop a 700.000 Sessiounen a se hunn 3,2 Millioune Säiten op der Plattform consultéiert.
D'Ekipp vu "Luxembourg for Shopping" - esou de Lex Delles weider - wier permanent beméit, d'Plattform no bausse méi bekannt ze maachen. Op deem Punkt wier awer och den Engagement vun den Händler e wichtege Facteur. Fir zum Succès bäizedroe wier et wichteg, datt si hir Presenz op Letzshop konsequent bei hire Clientë vermaarten, d'Commanden esou séier wéi méiglech verschécken an hiert Sortiment reegelméisseg ausbauen.
De Mëttelstandsminister präziséiert och nach, datt permanent analyséiert gëtt, wéi eng nei Funktiounen op der Plattform kënnen ugebuede ginn. Ugangs November wieren elo d'Bonge bäikomm, déi ee kéint kafen.
