
Natierlech interesséiert awer och d'Vue vum Büro, déi mer nogefrot hunn an um Dënschdeg eng Äntwert kruten.
Deemno steet an dësem Schreiwes un RTL, datt d'Planning-Team vum Konsortium mam Numm HTE d'nächst Woch op all Froen an enger "faktueller Äntwert" wäert agoen.
Dëse Fact sheet soll Faite "kloerstellen" an d'Erfarunge mam Chem bannent de leschte 6 Joer erëm ginn - heirop dierft ee gespaant sinn.
Zum Planning-Team gehéieren nieft dem Wiener Architekte-Büro och d'Lëtzebuerger Ingenieurs-Büroe Schroeder&Associés a Felgen&Associés - de Siège ass zu Märel.
De Projet Südspidol gëtt iwwerdeem lo eng weider Kéier nei ausgeschriwwen; de Chantier dierft fréistens 2030 fäerdeg ginn. De Käschtepunkt fir d'Fusiounsspidol chiffréiert sech - elo emol - op 542 Milliounen Euro.