
Obwuel d'Majoritéit vun den Entreprisë virun der Pandemie eng gutt an zolidd Finanzsituatioun hat, sou hätten déi meescht haut Problemer, well quasi keng touristesch Faarte méi géinge gebucht ginn, sou schreiwen et d'Gewerkschaften am Communiqué.
De plan de maintien dans l'emploi géing d'Employéen déi nächst Méint elo mol viru méi grave Konsequenzen duerch dës Verloschter schütze mat de gängege Mesuren: Chômage partiel, Pré-Retraite, e Verbuet vun Licenciementer etc.