E Samschdeg ass den "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch". Deen Dag solle mer eis Sprooch feieren, awer och eis Méisproochegkeet. Den Dag soll eis bewosst maachen, a wéi enger besonnescher Sproochesituatioun mer d'Chance hu friddlech ze liewen, sot de Pierre Reding en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
Méi wéi 60 Aktivitéite ginn uechter d'Land organiséiert: fir ze feieren, ze lauschteren, ze sangen, ze schmaachen, ze léieren an ze diskutéieren. Et ginn zum Beispill Sproochecaféen organiséiert, wou d'Leit d'Geleeënheet hunn, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen.
Dat wär nämlech den Haaptchantier. Bei de Coursë wär ee gutt opgestallt, mä un der Praxis géif et feelen, ënnersträicht de Pierre Reding. Mir missten un eis schaffen a mat hinne Lëtzebuergesch schwätzen. Et sollt een zum Beispill an engem Buttek ëmmer op Lëtzebuergesch ufänken. Et kéint een och eppes op Lëtzebuergesch an zousätzlech op Franséisch soen, fir de Leit ze hëllefen, eis Sprooch och am Alldag ze benotzen. Et wär eng Fro vun Astellung an Haltung an et kënnt och ëmmer op den Toun un.
D'Aufgab vum Kommissär ass et och, derfir ze suergen, datt all Kand, dat hei am Land an d'Schoul geet, Lëtzebuergesch léiert. Lëtzebuergesch wär an der Grondschoul d'"Schoulhaff-Sprooch" bei de Jonken. Mat der Alphabetiséierung op Franséisch géif op d'mannst um Pabeier d'Lëtzebuergescht gestäerkt ginn.
Wa Lëtzebuergesch soll geschwat a gebraucht ginn, soll och de Staat Lëtzebuergesch mat de Leit schwätzen. Den Ament steet am Gesetz, datt eng Verwaltung soll "dans la mesure du possible" de Leit an där Sprooch äntweren, déi hie gewielt huet (Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch). An Zukunft soll deen Zousaz gestrach ginn. D'Lëtzebuergesch wär haut "maans" genuch, fir iwwerall benotzt ze ginn.
Firwat keng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch? Och dat hu mer kuerz mam Kommissär beschwat. Hie géif do un engem ausféierleche Pabeier schaffen. Mä hie géif elo scho woen ze soen, datt hie staark vun enger Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch ofréit. Zum Beispill misst een deels Däitsch kënne fir Lëtzebuergesch kënnen ze schreiwen.
Eng Iwwersiicht vun allen Aktivitéiten vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch fannt Dir hei.
Um Donneschdeg de Moie war den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.