CoronavirusPersoun vun externer Firma, déi am RTL-Gebai schafft, positiv getest

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg huet den RTL Group gemellt, dass eng Persoun vun enger externer Firma, déi am RTL-Gebai schafft, positiv getest gouf.

Sämtlech Mesurë fir d'Personal goufen ëmgesat.

De concernéierten Deel vum Gebai, wou d'Persoun schafft, gouf desinfizéiert. All d'Leit, déi eventuell am Kontakt stoungen, goufe preventiv Heem geschéckt an Tester gi gemaach.

Back to Top
CIM LOGO