De CGDIS melltPersoun an Accident zu Dippech blesséiert, Feier zu Beggen geläscht

RTL Lëtzebuerg
D'Ekippe vum CGDIS mellen en Dënschdeg e Feier an en Accident mat enger blesséierter Persoun.
© Laurent Weber

De CGDIS mellt um Dënschdegmoien zwou Interventiounen, bei enger dovunner gouf eng Persoun blesséiert.

Op der Route de Luxembourg zu Dippech koum et deemno zu engem Accident mat engem Auto, dat um kuerz no 23.30 Auer e Méindeg, wéi en Automobilist an eng Mauer gerannt ass. D’Asazzentere vun Dippech a Mamer hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert. Wéi spéider am Bulletin vun der Police ze liese war, gouf de Chauffeur positiv op Alkohol getest a krut de Fürerschäin agezunn.

An der Rue de Bastogne zu Beggen koum et dann nach zu engem Feier. Wéi de CGDIS mellt, huet hei e Gaardenhaische gebrannt, allerdéngs gouf kee blesséiert. D’Ekippen aus der Stad waren op der Plaz, fir sech ëm de Brand ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO