
Wéi et heescht hätt de Chauffer bal e puer Accidenter provozéiert. No enger Sichaktioun gouf dat gemellte Gefier op engem Parking zu Réimech fonnt. De Mann war hannert dem Steier ageschlof. Bei der spéiderer Kontroll huet sech erausgestallt, dass hie gedronk hat an de Fürerschäi viru kuerzem eréischt agezu gi war. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto sécher gestallt an et gouf protokolléiert.
Kuerz viru 17 Auer ass e Motocyclist an der Géigend vu Konsdref mat senger Maschinn gefall. Hie koum fir eng Kontroll an d'Spidol, well de Mann awer ze vill gedronk hat, krut hien de Permis ewechgeholl.
Géint 2.30 Auer an der Nuecht op e Samschdeg ass der Police zu Esch e Won opgefall, dee mat héijer Vitess gesteiert gouf. An der Kanalstrooss konnt den Automobilist gestoppt ginn a gouf kontrolléiert. Dobäi koum eraus, dass de Mann schonn e provisorescht Fuerverbuet hat, och en Alkoholtest war positiv.