
D'Organisatioun vum Privatliewe misst an engem demokratesche Rechtsstaat an der Eegeverantwortung vun de Leit leien. Donieft missten net nëmmen d'Terrassen, mee dee ganzen Horeca-Secteur opgoen, dat mat den néidege Sécherheetsmesuren. Grad wéi d'Restauranten an d'Hoteller. Dat hat d'Horesca jo bei eis op der Antenn gefuerdert. Allgemeng misst d'Regierung endlech eng laangfristeg Strategie fir d'Leit presentéieren.