Zwou Lëtzebuerger Firmen "OQ Technology" a "LUXUAV" wëlle Satellitten- an Dronentechnologie besser matenee kombinéieren

Cédric Ferry
Am Kader vun engem Partenariat wéilte béid Firmen zesummeschaffen, fir ënner anerem d'5G-Connectivitéit vun Drone mat Satellitten ze verbesseren, déi op nidderegem Orbit operéieren.
De Grënner vun "OQ Technology" Omar Qaise (l) an de Grënner vu "LUXUAV" Nicolas Zharov (r) ënnerschreiwen en Accord de principe iwwer eng Kooperatioun.
© OQ Technology/ LUXUAV

"OQ Technology" ass eng Satellittefirma, déi op d'Ariichten an d'Operéiere vu satellitebaséierte 5G-Kommunikatiounsnetzwierker an op déi sougenannten Direct-to-Device-Connectivitéit (D2D), also déi direkt Kommunikatioun tëscht Satellitten an techneschen Apparater, spezialiséiert ass. Si huet en Accord de principe iwwer eng Zesummenaarbecht mam Droneproduzent "LUXUAV" ënnerschriwwen, deen aktuell och Dronen an d'Ukrain liwwert. Béid Firmen hunn hire Siège zu Lëtzebuerg.

Wéi et an engem Presseschreiwes vun "OQ Technology" heescht, wéilte béid Entreprisen sech zesummen ukucken, wéi eng geschäftlech Méiglechkeeten et am Beräich vun der satellitte-baséierter Dronendefense a bei sougenannten "High-Altitude Platform Systems" (HAPS) ginn.

En "High-Altitude Platform System" also wuertwiertlech iwwersat e "Plattform-System a grousser Héicht", ass e System, deen uewen an der Atmosphär, also an der Stratosphär, flitt an do änlech Funktiounen iwwerhëlt, wéi e Kommunikatiounssatellit. An der Reegel handelt et sech ëm Dronen, Fligeren oder Ballonen, déi an enger Héicht vun 20 bis 40 Kilometer fléien, an do laang op der nämmlechter Plaz kënne bleiwen. Esou e System kann ënner anerem agesat ginn, fir Internet oder Mobilfunknetzer bereetzestellen.

Am Kader vun hirem Partenariat wéilte béid Firmen zesummeschaffen, fir d'5G-Connectivitéit vun Dronen an HAPS mat Satellitten ze verbesseren, déi op nidderegem Orbit operéieren. De Partenariat géif weisen, dass technesch Léisungen, déi terrestresch Netzwierker a Satellittennetzwierker matenee kombinéieren, ëmmer méi wichteg ginn, fir eng resilient Kommunikatioun an ofgeleeëne Regioune mat limitéierter Infrastruktur bereetzestellen.

Dem Grënner a CEO vun "OQ Technology" Omar Qaise no wier d'Kooperatioun mat "LUXUAV" e wichtege Schratt, wann drëms géing goen, Satellittentechnologie an déi nächst Generatioun vun Dronen a loft-baséierte Systemer ze integréieren, an op dës Manéier nei Kapazitéite bei der Duerchféierung vu wichtege Missioune fräizeschalten. Dem CEO vu "LUXUAV" Nicolas Zharov no géif d'Zesummenaarbecht mat "OQ Technology" déi eege Kommunikatiounsinfrastruktur ëm eng wichteg weltraum-baséiert Komponent erweideren. Dat géif hëllefen, eng stabil a sécher Kommunikatioun bei Operatiounen an der Loft an op ofgeleeëne Plaze sécherzestellen.

Dronen aus Lëtzebuerg sinn an der Ukrain am Asaz

Drone vun der Lëtzebuerger Firma "LUXUAV" sinn iwwerdeems aktuell an der Ukrain am Asaz. D'Firma huet ursprénglech sougenannten "Dual-Use-Drone" produzéiert, also Dronen, déi esouwuel fir zivil, ewéi och fir militäresch Zwecker kënnen agesat ginn. Dës goufen, no hirer Liwwerung an d'Ukrain, ëmgebaut, fir als Kamikazedronen agesat ze ginn, dat notamment am Donbass.

Wéi den Nicolas Zharov am Oktober zejoert géigeniwwer RTL sot, géif LUXUAV ronn 1.000 Dronen de Mount produzéieren. Bis 2027 wéilt een eng Produktiounskapazitéit vun 10.000 Dronen erreechen. Deemools war et och d'Annonce, dass d'Firma an engem nächste Schratt wéilt domat ufänken Drone fir Opklärungsflich ze produzéieren. Iwwerdeems wier eng Kooperatioun mat de Uni Lëtzebuerg virgesinn, fir Dronen ze entwéckelen, déi Projektiller kënnen interceptéieren.

D'Schreiwes vun "OQ Technology" op Englesch.

Back to Top
CIM LOGO