Chamber diskutéiert nationalen AarmutsplangOppositioun fuerdert méi ëffentleche Logement a Mindestlounerhéijung

Michèle Sinner
D’Chamber huet e Mëttwoch de nationalen Aarmutsplang diskutéiert, deen am Dezember virgestallt gouf. Ugefrot haten déi Gréng dës Debatt am Fong schonn do virdrun.
De Luc Frieden an enger Aktualitéitsstonn an der Chamber.
© Archiv-Foto

Chamber diskutéiert nationalen Aarmutsplang - Rep. Michèle Sinner

Trotz méintelaanger Attente war d'Diskussioun net esou schlecht getimet. E Mëttwoch de Moien hat de Statec nei Chifferen zum Aarmutsrisiko presentéiert. Deemno läit den Taux de risque de pauvreté elo net méi bei 18 Prozent, mä schlagaarteg "just" bei 14,8 Prozent. Dofir sot d’Djuna Bernard gläich uganks: "Et wär e falsche Constat elo ze behaapten, datt dank der Regierungspolitik elo d'Aarmut erof gaangen ass, et ass ganz einfach eng verännert Methodik applizéiert ginn."

Vun déi Gréng bis ADR, d'Oppositioun war sech eens: De Logement ass den Haaptfacteur am Lëtzebuerger Aarmutsprobleem. Den Dan Hardy vun der ADR sot: "Wann ee mat Leit schwätzt, déi vum Aarmutsrisiko betraff sinn, ass dat de Kär vum Problem. A wa mer d'Aarmut am Land effikass wëlle bekämpfen, da musse mer endlech méi séier méi bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg kréien."

De Marc Goergen vun de Piraten hat eng konkret Propos zu den héije Loyeren: "Vun deenen héije Loyeren ass dee gréisste Profiteur de Staat, well dee kritt et iwwert d'Steieren herno erëm mat eran, wann d'Loyeren esou héich sinn. Dofir si mir der Meenung, dass een e 'Mietpräisspigel' misst hunn a wann een ënnert dem Präis läit, dass een da manner Steieren, en anere Steiertaux huet, wéi wann een driwwer läit."

An dann huet d'Oppositioun wéi ze erwaarden och kritiséiert, datt de Mindestloun net substantiell erhéicht géif. Hei d’Claire Delcourt vun der LSAP: "De Mindestloun muss ëm 100 Euro netto erhéich ginn. A mëttelfristeg missten dann och nach emol ëm 100 Euro eropgesat ginn, fir 60 % vum Median-Loun ze erreechen."

Am Fong war sech an der Chamber jidderee plus ou moins eens, datt d'Mesuren aus dem Max Hahn sengem Plang nëtzlech wieren. Mee de Marc Baum vun déi Lénk huet gewarnt, datt an enger gutt funktionéierender Ekonomie, d'Léin net mussen mat Sozialhëllefen opgebessert ginn: "Well mer domadder ëmmer méi e groussen Deel vu Leit, déi obwuel se schaffen, zu Assistéë maachen. An dat ass mengen ech eng Gefor, déi deene Modeller wierklech zu Gronn läit, well mer wëssen, datt déi staatlech Zouwendungen och just konjunkturell bedéngt sinn. A wann et eng Kéier net méi esou brummt, da wäerten dat och mat déi Éischte sinn, déi ewech falen."

Wéi et bis un der Regierung war, huet de Familljeminister Max Hahn virun allem seng Demarche verdeedegt, fir de Plang opzestellen. De Marc Spautz huet a Saache Mindestloun gekontert, an deene leschten 21 Joer wier de Mindestloun eng eenzeg Kéier strukturell erhéicht ginn, an zwar vum Dan Kersch ëm 100 Euro: "An dat ass déi eenzeg strukturell Erhéijung, déi gemaach ginn ass. An dass do awer d'Leit, déi 10, 20, 25 Joer zoustänneg waren an deem Ministère elo soen, mir missten elo direkt ëm 200 Euro de Mindestloun an d'Luucht setzen, da muss ech awer soen: da sinn ech e bësse paff, ech akzeptéieren eng Kritik, dass et schwiereg ass mam Mindestloun iwwert d'Ronnen ze kommen, mee ech sinn awer dach iwwerrascht, dass hei Leit Fuerderunge stellen, wou se wärend 25 Joer d'Méiglechkeet haten, dat ze änneren a wärend deene 25 Joer dat net gemaach hunn an elo hätten se gären an zwee Joer misst dat alles gekläert ginn.”

De Logementsminister Claude Meisch sot, et géif ee weider investéieren: "Mee wann et ee Segment gëtt, wou de Bagger leeft, dann ass et awer bei den ëffentleche Wunnengen, well mir hunn am leschte Joer méi wéi duebel esou vill ausginn iwwert de Fonds spéciale fir de Logement abordable, wéi an deem Joer virdrun. Jo, den Challenge ass, fir deen Niveau ze halen, fir e gegebenefalls ze steigeren an natierlech och déi budgetär Moyenen, déi mer brauchen do derfir ze stabiliséieren, ze garantéieren, längerfristeg ze garantéieren, fir wierklech herno e breede Park vun ëffentleche Wunnenge kënnen ze hunn, wou mer eng ganz aktiv Wunnengsbaupolitik kënne maachen.”

De Premier Luc Frieden, deen d'Aarmut als éischt Prioritéit vun der neier Koalitioun deklaréiert hat, nach ier se am Amt vereedegt war, war net fir den Debat an der Chamber dobäi, deen war e Mëttwoch de Mëtteg mat der Press op de Mäertchen iessen.

Back to Top
CIM LOGO