Ombudsman fir Kanner a JugendlecherOppe Chantieren a Wonsch vun enger nationaler Koordinatioun am Staatsministère

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am spéide Moie gouf de Rapport vun dësem Joer vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher offiziell presentéiert.
Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
Duerch e Gesetz vun Abrëll ass de fréieren ORK an elo OKaJu un d'Chamber rattachéiert ginn a krut eegent Personal, dat 2021 soll ausgebaut ginn.

Duerch e Gesetz vun Abrëll ass de fréieren ORK an elo OKaJu un d'Chamber rattachéiert ginn a krut eegent Personal, dat 2021 soll ausgebaut ginn: Dorop huet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher en Donneschdeg am spéide Moie bei der Presentatioun vum 184 Säiten décke Rapport 2020 mam Titel „Den héijeren Intressi vum Kand" higewisen.

Mat deem Rapport huet de René Schlechter och e Bilan gezu vu sengem Mandat vun 8 Joer, dat Enn 2020 ausleeft. Ee Fazit war, dass nieft ënnert anerem dem Jugendparlament an Zukunft d'Participatioun vu Kanner a Jugendleche soll weider gedriwwe ginn:

„Iwwerall do, wou Kanner a Jugendlecher liewen, wierken, schaffen, soll een eigentlech kucken, wéi kann een iwwer Participatioun d'Qualitéit vun der Aarbecht, déi do gemaach gëtt, verbesseren."

Sou sollt een a puncto COVID-19 zum Beispill méi genee drop lauschteren, wat d'Kanner dozou ze soen hunn. E wichtegt Thema fir den Ombudsman sinn d'Kannerrechter an der Verfassung:

„Do huet et dann iergendwann endlech en Duerchbroch ginn, dass déi Leit, déi un der Verfassung geschafft hunn, fonnt hunn, jo, dat kéint een oder misst een an d'Verfassung erasetzen an och do verankeren!"

Wat de Jugendschutz ugeet, ass de René Schlechter frou doriwwer, dass et ee soll gi mat méi Rechtssécherheet. E wënscht sech donieft méi e klore Statut fir d'Fleegefamilljen, déi viru Geriicht näischt ze radetten hätten:

„Dat ass am Fong geholl en Hon, well d'Fleegeeltere sinn awer déi, déi d'Autorité parentale hunn, an netdestotrotz gi se bei Geriicht eigentlech kaum oder ni gehéiert!"

Mat Logementsfroen hätt een och vill ze dinn, wa Kanner mat op der Strooss landen oder mat hirer Mamm an engem Fraenhaus feststiechen a sou ëmmer méi ofrutschen.

Zu den Zuele vun 2020 war et de Constat, dass déi e bëssen erofgoungen:

„D'lescht Joer hate mer 130 nei Dossieren, dat Joer virdrun 157 an elo dëst Joer 103!"

Vu Regierungssäit aus wären op verschiddene Punkte Saache virugaangen, bléif awer och nach vill ze maachen. Dass een eng national Koordinatioun am Staatsministère fuerdert, géif domat zesummenhänken, dass d'Kannerrechter näischt fir den Educatiounsministère eleng wären. A wat säin Nofollger oder seng Nofollgerin betrëfft, weess den Ombudsman net, wie sech fir dee Poste gemellt huet: Am Dezember dierft d'Chamber doriwwer decidéieren.

PDF: Communiqué OKaJu

Back to Top
CIM LOGO