2. Episod vum neie Podcast op RTL: "Exit! an elo?"Opmaache vu Caféën a Restauranten ass Simulatiounen no méiglech

Pierre Weimerskirch
Lauschtert déi 2. Episod vum Podcast "Exit! an elo?" op RTL.lu. Dës Woch ass de Paul Wilmes den Invité beim Pierre Weimerskirch.

"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.

D'Entwécklung vun den Nei-Infektiounen ass iwwert déi lescht Woche relativ stabel gewiescht. Et kéint een optimistesch sinn, ma et wier een nach net ganz iwwert de Bierg.

Den Invité

De Prof. Dr. Paul Wilmes ass Ekolog beim Lëtzebuerger Institut fir systemesch Biomedezin. Elo an der aktueller Pandemie ass hien ee vun de Spriecher vun der Covid-19-Task-Force, dem Zesummeschloss vun de Lëtzebuerger Fuerscher.

D’Themen

Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Kënnt eng zweet Wëll oder net?

Dierfe Kaffien a Restauranten nees opmaachen?

Kann een optimistesch sinn?

D'Aussoen

"Ier mer an de Confinement gaange sinn, hate mer déi berüümt-berüchtegt Corona-Partyen. Fir de Virus ass dat natierlech dat gekonnt Friessen, well do awer eng Persoun souvill anerer kann ustiechen."

"Déi Situatioun zu Ischgl zum Beispill, wou eng Persoun an engem Café esouvill anerer ugestach huet. Dat ass eben eng Realitéit am Bezuch op den insgesamten Horesca-Secteur, dat ass eng Realitéit am Bezuch op d'Caféen an d'Restauranten an domat muss een eben ëmgoen. An et kann een domat ëmgoen, andeems ee clever Mesuren asetzt, fir zum Beispill ze garantéieren, datt d'Leit op Distanz vunenaner bleiwen, soudatt keng Infektioune kënne stattfannen."

"Hei huet jo d'Regierung zum gréissten Deel un de gesonde Mënscheverstand appelléiert an domadder si mer gutt gefuer. An deementspriechend mengen ech, muss een elo weider un de gesonde Mënscheverstand appelléieren. Mir sinn net an engem normalen Zenario, mir mussen eis eben u gewësse Mesuren halen an da mengen ech, kréie mer dat hei och gemeeschtert."

LINK: Hei geet et bei d'RTL-Podcasten!

Back to Top
CIM LOGO