
D'Police gräift an hirem Bulletin um Dënschdeg de Moien zwee Abréch op. Ugefaange mat engem Schantjen zu Mamer, wou um Méindeg d'Täter e Schlass opgebrach hunn, fir eranzekommen. Éischten Informatiounen no goufen eng Partie Géigestänn geklaut.
Och e Méindeg si Brigangen an de Kellerberäich vun engem Appartementshaus agebrach, dat um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte um Belair. Ob eppes geklaut gouf, verréit d'Police net.
Iwwerfall e Méindeg de Mëtten zu Weimeschkierch. E Mann gouf vun dräi Persoune mat engem Messer menacéiert. Hie krut e Rucksak an eng Kamera geklaut. D'Täter hu sech duerch d'Bascht gemaach.