Dëst Joer sinn d'Sandbeie besonnesch aktiv, wéi zum Beispill zu Diddeleng- an et kann ee se dowéinst och gutt gesinn. Déi rezent Wiederkonditiounen, virun allem déi waarm d'Temperaturen a vill Sonn hunn d'Déiercher gär.
Kanner an Elteren solle sech awer keng Suerge maachen, geschwënn ass déi speziell Zort Wëllbeie fort. D'Sandbeie liewen nämlech just maximal ee Mount. An där Zäit leeë si Eeër an de Sand an am Summer kënnt dann déi nei Beie-Generatioun. Dass d'Spillplazen elo ofgespaart sinn, ass also éischter fir d'Beien ze schützen. Fir de Mënsch sinn d'Wëllbeien nämlech harmlos.