Op Nofro beim CGDIS huet et geheescht, dass an der Géigend vu Mäertert en Trakter op engem Feld gebrannt huet, dofir war och eng grouss schwaarz Dampwollek ze gesinn.
D'Feier ass méi spéit och op eng Scheier iwwergaangen, sou de Rettungsservice.
Géint 16:20 Auer gouf et dann awer nach en LU-Alert, wéinst dem gréissere Feier. Dësen huet fir de Raum Mäertert, Manternach a Gréiwemaacher gegëllt an et war d'Consigne, dee Beräich ze evitéieren. Kuerz no 18 Auer gouf d'Alerte jaune opgehuewen.