
No enger kuerzer Course poursuite konnt d'Police de Won stoppen. De Permis vum Mann gouf agezunn, e Fuerverbuet gouf ausgeschwat an déi ganz Saach gouf protokolléiert.
Kuerz no 22 Auer gouf eng Automobilistin am Rollengergronn gestoppt, well se ze séier ënnerwee war. Donieft war och hiren Alkoholtest positiv. De Permis gouf agezunn.