Protest-Piquet an der StadOnofhängege Grupp vu Cafetieren a Restaurateure fuerdert Reouverture vum Secteur

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg gouf op der Plëss e Protest-Piquet géint déi schwiereg Situatioun am Horeca-Secteur organiséiert.
Protest-Piquet an der Stad
Onofhängege Grupp vu Cafetieren a Restaurateure fuerdert Reouverture vum Secteur.

D'Organisateure vun dësem "Sit-in" hunn d'Reouverture vum Horeca-Secteur gefuerdert an datt finanziell Mesurë fir dëse Secteur och no enger Reouverture verlängert ginn.

10 Leit vun deem onofhängege Grupp vu Cafetieren a Restaurateure ware beim Protest-Piquet op der Plëss present. Mat dobäi war de Clement Elie, deen an engem Café zu Dikrech schafft. Hie begréisst, datt am Februar d'Hëllefe fir net-gedeckte Fraisen op 100 Prozent eropgesat goufen. Allerdéngs kritiséiert hien, datt déi vun der Regierung versprachen Hëllefen net séier genuch ukommen.

D'Cafetieren a Restaurateuren hu sech d'Fro gestallt, firwat hire Secteur, am Géigesaz zum Sport an zu de Schoulen, keng Schnelltester zur Verfügung gestallt kritt. Esou och den Philippe Marques, deen e Café zu Esch huet.

D'Méiglechkeet, vu nächsten Mëttwoch un d'Terrassen däerfe fir 2 Persoune pro Dësch vu 6 Auer moies bis 18 Auer owes opzemaachen, wier an hiren Aen och keng Mesure fir d'Cafetieren a Restaurateuren, mä fir d'Clienten. Ofgesinn dovunner, datt Mesurë vum Wieder ofhängeg sinn, freet sech de Manuel Gauthier, deen e Restaurant zu Maarteleng huet, wéi ee mat esou enger Mesure soll rentabel ginn.

Virun allem kleng Caféen a Restauranten hunn et aktuell schwéier. Dës hu wéineg Reserven, huet et weider geheescht.

Back to Top
CIM LOGO