Crèchen zu LëtzebuergOnkloerheete virun der Ouverture

RTL Lëtzebuerg
De 25. Mee sollen dann och d’Crèchen nees opmaachen. Wéi dat am Detail soll goen, doriwwer wëssen déi Betraffen den Ament awer nach wéineg...
Onkloerheete virun der Ouverture an de Crèchen
De 25. Mee sollen dann och d’Crèchen nees opmaachen. Wéi dat am Detail soll goen, doriwwer wëssen déi Betraffen den Ament awer nach wéineg.

Ma d’Zäit leeft, et bleift just nach annerhallef Woch, fir sech ze organiséieren. Dëser Deeg huet de Joe Bofferding drop an drun Elteren un der Strëpp, déi wësse wëllen, wéi d’Rentrée an der Crèche oflafe wäert a virop, ob hir Kanner iwwerhaapt nach ënnerkommen.

Joe Bofferding, Patron vun enger privater Crèche: "Ech kann am Moment just drop äntweren, dass mir op offiziell Informatioune waarden, wa mer déi bis hunn, gi si se gewuer."

Wéi d’Aktivitéit no der Ouverture konkret soll oflafen, doriwwer weess de Patron den Ament nëmme wéineg. Et schéngt awer, wéi wa pro Raum just nach maximal 5 Kanner dierfte betreit ginn, an datt déi eenzel Gruppen sech net dierfte kräizen. Fir dës Crèche géif dat bedeiten, datt se mat hire 4 Deels grousse Raim am ganze just nach 20 Kanner unhuele kéint, amplaz vun 42.

Joe Bofferding nach eemol: "Et ass och esou, dass mir Educatricen hunn, déi Recht op Congé pour raisons familiales hunn, do sinn och verschidden Onkloerheeten, wann dat esou ass, dann hunn ech och nach e Manktem u Personal."

Deemno kéint de Joe Bofferding eventuell souguer just nach 3 vu 4 Raim opmaachen, et wär also just nach Plaz fir 15 Kanner. 27 Butze kéinten an deem Fall net betreit ginn. Dobäi si vill méi Elteren op d’Crèche ugewisen: "Dee Sondage, dee mir gemaach hunn, leeft drop eraus, dass een Drëttel vun den Elteren net onbedéngt eng Struktur mussen hunn, 2/3 hir Kanner awer mussen aschreiwen."

No wéi enge Krittäre soll ee lo déi wéineg Plaze verdeelen? Wéi eng zousätzlech sanitär Moossname sinn nach erfuerdert? A wéi kréien d’Crèchë sech iwwerhaapt finanzéiert, wa se deels manner wéi d'Halschecht vun de Kanner ophuele kënnen? Vill oppe Froen, déi séier musse gekläert ginn.

Back to Top
CIM LOGO