
Wéi et heescht, waren d'Brigange mat enger Camionnette mat belsche Placke bei d'Afaart vum Affer gefuer. De Proprietär ass erausgelaf, wéi e gemierkt huet, wat lass wier. D'Täter sinn doropshin a Richtung Belsch geflücht.
Ee vun de Männer hat eng 3/4 Joggingsbox un an ee Pullover mat Kaputz. Och deen zweeten Täter hat eng Joggingsbox mat Kaputze-Pullover un an eng Kap.
En Dënschdeg krut d'Police géint 16 Auer e Cyclist zu Bech-Maacher gemellt, deen am Zickzack ënnerwee wier. Op der Plaz huet sech de Verdacht vum Alkoholkonsum confirméiert, en Test war positiv. De Mann krut de Permis agezunn an e Protokoll.