
Den OGBL kritiséiert virun allem, datt den Taux vu Wunnengen, déi bei Bebauungspläng fir d’ëffentlech Hand a bezuelbar Wunnenge reservéiert ginn, per Amendement soll reduzéiert ginn.
Donieft ass et d’Fuerderung, datt en Undeel u Wunnenge fir den allgemengen Notzen obligatoresch gëtt an datt Steiere géint d’Spekulatioun agefouert ginn.