Nei ReformOGBL géint Educateursaccord tëscht CGFP an Educatiounsministère

RTL Lëtzebuerg
Net jiddereen ass mam Accord averstanen, deen den Educatiounsministère d'lescht Woch mat de CGFP-Educateursgewerkschaften ënnerschriwwen huet.
OGBL géint Educateursaccord
Net jiddereen ass mam Accord averstanen, deen den Educatiounsministère d'lescht Woch mat de CGFP-Educateursgewerkschaften ënnerschriwwen huet.

24/11/2021 Reportage APCCA an SEW géint Accord CGFP a MEN I

D'APCCA, d'Associatioun vum Personal aus de Kompetenzzentren an den SEW, de Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft, déi allebéid zum OGBL gehéieren, wiere sech vehement géint den Accord, deen den Educatiounsministère déi lescht Woch mat den Educateursgewerkschaften aus der CGFP ënnerschriwwen huet.

Zënter dem Januar dëst Joer hunn d'Gewerkschaften an de Ministère zesummen iwwert deen Accord verhandelt, déi éischt Verhandlungen iwwerhaapt an doduerch, datt d'CGFP déi lescht Woch eleng ënnerschriwwen huet, fillt ee sech hannergaangen, seet d'Nadia Ruef, d'Presidentin vun der APCCA.

"Mir verstinn net, dass hei ganz séier, an enger Nacht- und Nebelaktion, huet missten en Accord ënnerschriwwe ginn. Et war nach net de Moment fir hei séier iergendeppes z'ënnerschreiwen, wa mer wëssen, dass an dësem Secteur schonn esoulaang den Ament verpasst ginn ass, fir dat opzeschaffen. Elo hu mer den Ament, mir hunn all d'Gewerkschaften zesummen op engem Dësch, all d'Beruffsgruppen. Et mécht eis Leit, dat ganzt Personal, schrecklech rosen, datt mir hei net gehéiert goufen, virun allem, well mir als Gewerkschaft d'Berechtegung hunn, fir an deene Verhandlungen dobäi ze sinn", sou d'Presidentin vun der APCCA.

Den aktuellen Accord géing d'Realitéit am Beruff net erëmginn. Fir eng gutt Aarbecht ze maachen, bräicht ee méi Leit a méi Zäit, wéi et dëst Ofkommes virgesäit. "Mir wëlle jo net dass d'Leit duerno no 2 Woche soen, dass se net méi an d'Versammlunge kommen oder Stonne virbereede, well se soen, dass se hir Zäit scho prestéiert hunn. Bis elo ass sech ëmmer drop verlooss ginn, dass déi leit dat scho maachen, well se wëssen, dass et wichteg ass", kritiséiert de Patrick Arendt, President vun der SEW.

De Patrick Arendt, de President vum SEW, wërft der CGFP schlechte Stil vir, eng Demonstratioun vun der Muecht an Angscht virun enger Konkurrenz am ëffentleche Secteur. Vum Educatiounsminister Claude Meisch fuerdere béid Organisatiounen, datt hie weider verhandelt. Am anere Fall géif een e Litige deklaréieren an domadder d'Streikprozedur aleeden.

"Wann den Educatiounsministère elo net op eis Ufro äntwert, da musse mir an d'Conciliatioun goen, da gëtt et eng Mobilisatioun vun de Leit aus dem Secteur, déi sech dat och net wëlle gefale loossen. Am schlëmmste Fall musse mir an eng Streikprozedur goen", esou de Patrick Arendt.

Den neien Accord hätt fir d'APCCA an den SEW keng Valeur juridique.

Back to Top
CIM LOGO