
A parlamentaresche Froe wollte souwuel den CSV-Deputéierte Marc Spautz, wéi och den ADR-Deputéierte Jeff Engelen wëssen, wat den zoustännege Minister Romain Schneider dogéint ënnerhuele wéilt.
Dëse rappelléiert, dat d’Ofmelle vun deene Betraffenen d’Suite vun enger EU-Reglementatioun wier.
Wann eng Persoun seng Aktivitéiten a verschiddene Memberstaaten huet, da géinge verschidden Dispositioune festleeën, a wéi engem Land se muss affiliéiert sinn, schreift de Minister. De Salarié géing a sengem Wunnstaat mussen affiliéiert ginn, wann eng substantiell Partie vu senger Aktivitéit, also 25 Prozent, do ausgeféiert gëtt. D’Lëtzebuerger Autoritéiten hätte keen Afloss op dës Legislatioun.
De Centre Commun de la sécurité sociale hätt d’Employeure vum Transportsecteur schonn am Abrëll an am Oktober dorunner erënnert, datt d’Transitiounsphase vun engem Changement an der Legislatioun géing auslafen. D’CCSS hätt d'Affiliatiounen net méi kënnen oprecht erhale bei deene Persounen, wou de Wunnstaat nach net decidéiert hat, wéi eng Legislatioun applicabel wier.
Déi Lëtzebuerger Autoritéiten hätte scho viru Laangem probéiert, en Accord mat den Nopeschlänner ze fannen, wat awer vu verschidde Länner refuséiert gi wier.
