Zu Esch-Uelzecht riichten d'Forainen hir Spiller Ëmmer fir d'éischt am Joer op. Dëst Joer fält d'Ouschterkiermes no 2020 eng weider Kéier aus. Déi aktuell Pandemie géif dat nach ëmmer net zouloossen. Trotzdeem ass een zu Esch gudder Déng, fir dëst Joer verschidden aner Aktivitéite kënnen z'organiséieren, änlech wéi de Chrëschtmaart. Do ware jo duerch d'Uelzechtstrooss verdeelt verschidde Stänn opgeriicht ginn. Grouss Hoffnung hätt een da fir déi nächst Kiermes fir Päischten.