EemaischenOch dëst Joer kee Gepäifs an der Stad an zu Nouspelt, dofir virum Ecran

RTL Lëtzebuerg
Och dëst Ouschtere fält déi beléiften Eemaischen wéinst der Pandemie an d’Waasser, wat awer net heescht, dass ee keng Péckvillercher ze kafe kritt.
© RTL-Archivbild

Traditionell zitt et op Ouschterméindeg vill Leit an d'Stad oder op Nouspelt. Dat fir natierlech e Péckvillchen ze kafen. Wéi och schonn d'lescht Joer ass dat awer net méiglech. Virum Ecran an der Stuff kann een awer e bëssen Eemaischen-Atmosphäre hunn an de Péckvillchen online kafen.

RTL-Artikel: Péckvillercher 2021: Nei Superjhemp-Figur "Lamaïschen" Eréischt zwee Mol huet d'Eemaischen virun der Pandemie missen annuléiert ginn. Emol 1870 wärend dem däitsch-franséische Krich an 1918, wéi d'Haaptstad bombardéiert gouf.

An elo ass et dann déi véierte Kéier.

LINK: An der Boîte à archives weise mir Iech dës Kéier Biller vun der Eemaischen aus de 50er Joren.

Back to Top
CIM LOGO