Iwwerschwemmungen Enn JuniNom Héichwaasser zu Déifferdeng gëtt no Léisunge gesicht
Nieft der Kanalisatioun kéint och d'Baach Chiers, déi zu Uewerkuer hiren Ursprong huet, net ganz onschëlleg un den Iwwerschwemmunge sinn.
51 Liter Reen op de Metercarrésinn Enn Juni bannent enger Stonnerofkomm. Dat war och zu Déifferdeng de Fall. Géint dëse ville Reen hat kaum een eng Chance.
D'Responsabel vun der drëttgréisster Gemeng sichen elo no Solutiounen.Mëtt August wäert eng spezialiséiert Firma d'Kanalisatioun ënnert d'Lupp huelen. Och d'Waasser vun der Chiers soll am Fall vu Staarkreen ausgebremst ginn. Hei kéinten Hecken, déi versat gesat ginn, aushëllefen.
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
© Christophe Hochard / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.