D'Léieren zesumme mat den Elteren ass dacks stresseg oder si hunn net genuch Wëssen an Zäit, fir hire Kanner bei den Hausaufgaben ze hëllefen. Dat suergt dacks genuch fir déck Loft oder Diskussiounen doheem.
Fir deem entgéint ze wierken, gouf de Projet "Super Senior" an d'Liewe geruff. Hei kréien d'Kanner aus dem Fondamental Nohëllef vun eelere Leit.
De Projet gouf bis elo an 18 Gemengen aus der Musel-Regioun an aus dem Mëllerdall realiséiert. Wat fir eng Approche kréien d'Kanner am Géigesaz zum Léiere mat den Eltere vermëttelt? Mir waren eis esou eng Nohëllef mam "Super Senior" ukucken.