
Hannergrond war de Verkaf vun engem Logement iwwert Emphythéose fir de Präis vun ronn 360.000 Euro.
An den Ae vum Roy Reding vun der ADR kritt eng Persoun hei eng mietfräi Wunneng geschenkt:
Se bezilt haut e Präis X an den Dag, wou se se verkeeft, kafen mir se als Gemeng fir den nämmlechte Präis. Mam Resultat datt d'Persoun gratis gewunnt huet. Ech wëll wëssen ënnert wéi enge Konditiounen déi Persounen ausgesicht ginn. Dat do ass net sozial als Politik.
D'Stad Lëtzebuerg géif just nach iwwert Emphytéose Logementer verkafen, huet de Laurent Mosar nach präziséiert. D'Stad bleift domat Proprietär an d'Präisser vun de Logementer ginn erofgedréckt. Dogéint hunn déi Lénk eigentlech näischt, an hiren Aen huet d'Stad Lëtzebuerg allerdéngs hire Rôle a Punkto Sozialwunnengen nach net erfëllt, seet d'Ana Correia. Déi aktuell 620 Sozialwunnengen, déi d'Stad Lëtzebuerg zielt, wieren einfach net genuch:Mir wëssen datt d'Stad Lëtzebuerg an den nächsten Jore 400 weider Sozial-Mietwunnenge geplangt huet. Mee datt sinn nach ëmmer net déi 10%, déi mir erreeche wëllen.
Dat wieren um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg ronn 6.000 Wunnengen huet d'Ana Correia vun déi Lénk nach betount.
Den 10 Hektar grousse PAP war ënnert anerem Sujet am Stater Gemengerot. Eng vun de Froen, déi gestallt gouf, war déi vun der Densitéit.
D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet präziséiert, datt esou dense gebaut soll ginn, wéi et am PAG virgesinn ass. Nieft Residenzen wieren och Eefamilljenhaiser geplangt:
Hätte mer lo dat neit Gesetz iwwert de Pacte Logement, dann hätt ee nei Méiglechkeeten. Hätte mir lo méi eng héich Densitéit virgesinn - an dat sinn alles privat Terrainen - wann mir deene méi ze baue ginn hätten, wéi am PAG steet, dann hätt ech net wëllen hei banne sinn.
Der Stater Buergermeeschtesch no misst een awer och déi néideg Moyenen hunn, fir méi dense ze bauen. Alles aneres géif zu Spekulatiounen féieren:
Well dat heescht, wat der méi dovu schwätzen, da seet deen, deen haut 2 Niveauen baue kann, e géif waarden bis en an 3-4 Joer 5 Stäck ka bauen.
D'Lydie Polfer huet nach betount, datt si op den neie Pacte Logement zielt, deen awer op verschiddene Punkten nach nogebessert misst ginn.
