2 Zeienopriff vun der PoliceNo versichtem Abroch a Bäissattack vun engem Hond

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht an 2 Fäll no Zeien.
© RTL Archiv

Bei engem 1. Virfall geet et ëm ee versichten Abroch zu Wolz de leschte Weekend. Tëschent e Freideg den Owend an e Méindeg de Moie gouf an der Rue des Sports eng Gaardepaart opgebrach an e puer Fënsteren an Diere vun engem Gebai futti gemaach. Zeie solle sech beim Kommissariat vun den Ardenne mellen (police.ardennes@police.etat.lu oder Tel. 244 89 1000).

Leschte Mëttwoch (24. Mäerz) de Moien tëscht 10 an 11 Auer da gouf op der Brillplaz zu Esch eng jonk Fra vun engem Hond gebass. D'Besëtzerin vum Hond, déi ëm déi 40 Joer al dierft sinn, ass fortgaangen, ouni sech drëm ze këmmeren. Och hei ginn Zeie gesicht.

Den Hond ass mëttelgrouss (Schëllerhéicht 50-55 cm) an huet en hellbronge Pelz, d'Rass ass onbekannt. Wéi d'Police schreift, ass d'Besëtzerin kleng, vu korpulenter Statur an huet schwaarz Hoer. Indicë si fir d'Police zu Esch (police.esch@police.etat.lu oder Tel. 244 50 1000).

Back to Top
CIM LOGO