
Als Medieminister, Politiker a Bierger fillt sech de Luc Frieden enger fräier, pluralistescher a professioneller Press staark verbonnen. Un den Initiative vun der Regierung, fir de Pluralismus an den Zougank zu Informatiounen ze verbesseren, soll keen zweiwelen.
D’Deputéiert Sam Tanson an Djuna Bernard wollte sech renseignéieren, nodeems de Luc Frieden op enger Diskussioun vu Paperjam an der Philharmonie virun enger Woch deklaréiert hat, datt verschidde Medien an de Public generell “vläicht vun neie Konflikter ugezu” wieren. Hie géing sech méi Medie wënschen, déi iwwert de Fong vun de Problemer géinge schwätzen.
Déi Ausso war ënnert anerem vun der Journalistenassociatioun kritiséiert ginn: de Premier a Medieminister géing d’Berichterstattung an e falscht Liicht stellen, amplaz de Mediepluralismus z’ënnerstëtzen.