ZeienopruffNo engem Déifstall am Tram sicht d'Police no enger Persoun

RTL Lëtzebuerg
Alleguer d'Informatioune si fir de Policekommissariat Museldall.
© Police / RTL

De 25. Mäerz vun dësem Joer ass et an der Stad am Tram zu engem Déifstall komm. An der Suite dovu gouf e puer Mol mat gelaute Bankkaarte Suen opgehuewen. An deem Kontext sicht d'Police elo no der Persoun op der Foto an dësem Artikel. Wien Informatiounen zu dëser huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Museldall ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 70 1000 oder via Mail un "Police.MUSELDALL@police.etat.lu".

© Police

Back to Top
CIM LOGO