Et ware mouvementéiert Méint um Kräizbierg, déi elo mat der Demissioun vum Administrateur-Deleguée Jeannot Berg an dem Direkter vun den Atelieren Tom Wagner op en Enn solle goen. Wéi et an engem Schreiwes vum Verwaltungsrot heescht, soll mam Récktrëtt vun dësen 2 Persounen nees de soziale Fridde garantéiert ginn. Grad esou schwaarz/wäiss ass d'Situatioun awer net...
„D'Noriicht hu mer Gëschter Owend natierlech mat grousser Freed opgeholl, dat vum Personal, bis eriwwer bei d'Betreier an d'Elteren. Telefonen hu bis spéit Owes geschellt. An d'Freed, ewéi och d'Erliichterung waren einfach enorm grouss iwwert Decisioun.“ D'Erwaardungen nom Changement un der Spëtzt si grouss - grouss Verännerunge gi sech erwaart, esou d'Daniela Willems, vun der Personal Delegatioun um Kräizbierg. Et misst elo zesumme mat der Delegatioun, dem Verwaltungsrot an den Elteren en neit Konzept, eng nei Zukunft ausgeschafft ginn. Datt net jiddereen am nämmlechte Boot setzt, déi nämmlecht Meenung hätt, wier awer verständlech.
„Natierlech ginn et 2 Parteie. Mais wann ech esou ronderëm kucken, kann ech soen, datt weit méi ewéi 80% vun de Leit, déi eng grouss Partei ausmaachen. Dohier hu mir als Personaldelegatioun eis ageschalt fir géint déi Virwërf déi opkomm sinn aktiv ze ginn.“
Esou schwaarz a wäiss wier d'Situatioun awer net, esou den Henri Grethen, President vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun.
„Et gëtt och ganz vill Mataarbechter déi Vertrauen an Direktioun hunn. Et goufen och Mataarbechter déi sech neutral verhalen hunn an et gouf eng „Majorité agissante“, wann ech et esou nennen dierf, déi kee Vertraue méi an Direktioun haten. Dat huet sech iwwert déi lescht Wochen a besonnesch duerch d'Situatioun vun der Pandemie weider verstäerkt.“
RTL Informatiounen no goufen an engem confidentiellen Audit vun NEUROLEAD erausfonnt, datt 2/3 vun de gefrote Leit ënner Stress an Angscht géife schaffe goen. Fir 81% ass d'Ambiance schlecht a 75% vun de Kräizbierg-Mataarbechter soten am Audit, datt d'Direktioun keng Empathie géif weisen.
Hei soll an Zukunft weider mam Auditeur um Kräizbierg zesummegeschafft ginn, fir engem besseren Aarbechtsklima méi no ze kommen. Verschidde Reproche aus de leschte Méint hunn sech awer net confirméiert, esou den Henri Grethen.
„Bei deenen Interviewe vum Auditeur ass net erauskomm, datt et, wann een déi richteg Definitioun vun „Harcèlement morale“ hëlt, net zu moraleschem Mobbing oder sexuelle Belästegunge komm ass. Datt, déi eng oder aner kéier emol eng domm Remark gefall ass, ass richteg, mä déi kann een net als „Harcèlement sexuelle“ ugesinn.“
D'Faite missten herno, wann de Rapport komplett fäerdeg ass, transparent traitéiert ginn, esou d'Personaldelegatioun nach. Ma et wéilt ee sech elo op de Sozialdialog an eng nei Zukunft um Kräizbierg preparéieren.
Ob et no enger Kris an engem Konflikt, deen et lo méintelaang bei der Fondatioun Kräizbierg gouf, méi roueg gëtt, ass net gewosst. Allemol hunn den Administrateur-Déléguée Jeannot Berg an den Direkter vun den Atelieren Tom Wagner vun hire Funktiounen demissionéiert.
Wéi et an engem Schreiwes nom Verwaltungsrot vun en Donneschdeg heescht, sollt mam Récktrëtt vun dëse Leit nees de soziale Fridde garantéiert ginn. An engem externen Audit waren iwwerdeems d'Reprochë vu moraleschen a sexuellen Harcèlementer net zeréckbehale ginn.
Um Dag no dësen annoncéierte Récktrëtt freet den OGBL, datt den Audit oppe geluecht gëtt. Villes am Schreiwes vun en Donneschdeg wiere just "schéi Wierder" gewiescht, mengt de Gewerkschaftssekretär Joël Delvaux. Esoulaang d'Resultat vum Audit net opgeluecht gëtt, kann dat Resultat alles bedeiten.
Och de Joël Delvaux hofft drop, datt de soziale Fridden nees um Kräizbierg respektéiert gëtt an eng nei Basis vum Mateneenschaffe geluecht gëtt. Zum Beispill missten och d'Elteren-Associatiounen hir Plaz am Verwaltungsrot kréien.
No der Demissioun vun de kontestéierten Direkteren wier et lo un der Zäit, fir nees op Aenhéicht mateneen ze verhandelen, well bei deenen zwee Leit, déi gaange sinn, war dat net méi méiglech, esou de Vertrieder vum OGBL. Elo eng Hexejuegd géint jiddereen, deen do vläicht matgemaach an dat vläicht ënnerstëtzt hätt, géif elo kengem eppes bréngen. Elo ass et wichteg, fir nei Basen opzestellen, fir eng reell Zesummenaarbecht opzebauen, seet de Joël Delvaux weider.
Och bei der Personal-Delegatioun seet ee sech "erliichtert" iwwert d'annoncéiert Departe un der Spëtzt vun der Fondatioun Kräizbierg.
Wéi de President vum Verwaltungsrot Henri Grethen RTL géintiwwer sot, géif den Audit vun Neurolead confidentiel bleiwen, mä mam Auditeur géif och an Zukunft zesummegeschafft ginn, fir zu engem besseren Aarbechtsklima ze kommen.
RTL-Informatiounen no soten an deem Audit zwee Drëttel vun de gefrote Leit, datt si ënner Stress an Angscht géife schaffe kommen, fir 81 Prozent ass d'Ambiance schlecht an 73 Prozent vu Kräizbierg-Mataarbechter soten am Audit, datt d'Direktioun keng Empathie géif weisen. Chifferen, déi net léien.