PoliceNo Abroch an der Stad konnt den Täter verhaft ginn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg hat e Mann probéiert géint 18.40 Auer an eng Wunneng an der Montée Saint-Crépin anzebriechen.

Der Awunnerin vun der Wunneng war dat opgefall an si huet d'Police geruff. Den Täter ass an e Bësch an noer Ëmgéigend geflücht. Der Police ass et gelongen, de Mann festzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO