
D'Kris hätt net am Juni d'lescht Joer eréischt ugefaangen. Am Numm vun der ASBL "Don't forget us" (e Grupp Caféen, Restauranten an Discoen) fuerdert den Affekot dofir an engem oppene Bréif un de Mëttelstandsminister Lex Delles, datt d'finanziell Hëllef fir d'net-gedeckte Fraisen och retroaktiv op déi Méint vum Lockdown ausbezuelt ginn.
Dat entspriechend Gesetz gëtt aktuell an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert an ass nach net gestëmmt.
Den Affekot betount och, datt et sech am Fong net ëm eng "Hëllef" handelt, mee Reparatioune fir d'Fermeture, déi vun uewen erof decidéiert gouf.
Donieft freet den Affekot Informatiounen an Zuele vum Minister, opgrond vun deenen de Minister decidéiert huet, wéi héich déi jeeweileg Hëllefen – oder Reparatiounen – um Enn sinn.
