
Vun dëser Rentrée un, gëtt am ECG de BTS-Brevet "Assistant Juridique" enseignéiert, deen ënnert anerem op d'Funktioun vun engem Notaires-Clerc soll preparéieren. Esou eng Ausbildung gouf et bis dato hei am Land net. Fir dëse BTS muss z.B. och e praktesche Stage vun engem Semester gemaach ginn, deen an enger Notaire-Etüde ka sinn.
Bis ewell ass et den Notairë fräi gestallt, e Clerc ze rekrutéieren, deen dem Profil entsprécht, dat si fir hir Etüd brauchen.
Déi meescht Clercen, déi aktuell exerzéieren, hunn en Droitsdiplom, respektiv si Candidat-Notaire an hunn och Notairesformatiounen an der Belsch oder a Frankräich matgemaach.
Vill Clercen, déi schonn laang Joren dëse Beruff hunn, hunn e professionelle Parcours, dee se fir dës Funktioun forméiert huet.
Dat schreiwen d'Ministeren Tanson a Meisch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten Bauler an Arendt.