Gemeng Rouspert/MompechNei Schoulorganisatioun no Iwwerschwemmungen

Lynn Cruchten
Déi nächst Méint kënnen d'Gemengeresponsabel vu Rouspert/Mompech net méi op d'Sportshal zu Bur zréckgräifen.
Nei Schoulorganisatioun no Iwwerschwemmungen
Déi nächst Méint kënnen d'Gemengeresponsabel vu Rouspert/Mompech net méi op d'Sportshal zu Bur zréckgräifen.

De Schued nom Héichwaasser ass ze grouss. Den Dëschtennisclub an d'Musek hunn hei trainéiert, och d'Schüler an d'Schülerinnen aus der Grondschoul ware fir d'Turnstonnen hei an der Hal. Dat alles ass fir d'Schouljoer 21/22 net méiglech. D'Maison Relais an d'Crèche um Site mussen hir Dieren och zou loossen. Dëst well ënner anerem d'Kichen an den Iesssall wéinst dem Héichwaasserschued net méi kënne genotzt ginn. 130 Kanner si concernéiert. Si ginn op d'Sitte Rouspert a Mompech opgedeelt. A kierzter Zäit huet alles misse geplënnert ginn.

D'Schoulgebai zu Bur gëtt et zanter 2004. Eng 100 Kanner drécken hei d'Schoulbänk. Dëst an de Cyclen 2 bis 4, also 1. bis 6.Schouljoer. Wéinst dem Héichwaasser huet eng ganz nei Schoulorganisatioun missen op d'Been gestallt ginn. Et wollt een op kee Fall hunn, dass Turnstonnen ewechfalen.

Ob déi aktuell Sportshal zu Bur komplett renovéiert gëtt oder et méi sënnvoll ass, eng nei ze bauen, muss de Gemengerot an den nächste Woche klären.

Schlechte Krisemanagement?

De Warnsystem ass zu Lëtzebuerg net esou gelaf, wéi en hätt sollen, an de Krisemanagement huet och net ideal funktionéiert. "Am anere Fall hätte mer net sou vill materielle Schued gehat", seet den Ëmweltfuerscher an Doktorand op der Uni Reading an England, de Jeff Da Costa, am Zesummenhang mat de staarke Reefäll an Iwwerschwemmunge Mëtt Juli. Hie bedauert, datt an deem Kontext hei am Land net déi néideg Moyene fir d'Wëssenschaft en place gesat ginn an d'Regierung och net genuch op d'Fuerscher lauschtert.

Lëtzebuerger Ëmweltfuerscher Jeff Da Costa am Interview
Den Doktorand huet e puer Fuerderungen un d'Regierung.

D'Fuerderunge vum Lëtzebuerger Ëmweltfuerscher Jeff Da Costa a weider Detailer zu dësem Sujet e Méindeg am Moiesjournal op RTL Radio Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO