
En Donneschdeg hat d’Lëtzebuerger Vëlosinitiativ schonns op Facebook en Appell un d’Autoritéite lancéiert, Vëlosverbindungen ze schafen, déi d’Sécherheet vun de Cyclisten garantéieren. Et gëtt och un de géigesäitege Respekt erënnert tëscht motoriséierte Fuerer a Cyclisten op eise Stroossen, wëssend dass de Vëlosfuerer am Fall vun engem Accrochage dee Schwächsten ass.
Hannergrond waren 3 rezent Accidenter, wou Cyclisten ugestouss goufen, dorënner jo e Mëttwoch och d’Profi-Fuererin Claire Faber, dat schwéier blesséiert ginn ass.