
Dat huet de griichesche Migratiounsminister Koumoutsakos zu Athen confirméiert.
Et handelt sech ëm 9 Kanner aus dem berüchtegte Lager Moria op der Insel Lesbos, 2 Kanner vun der Insel Chios an ee Kand vun Samos.
Sie fléie fir d’éischt op Athen a ginn dann op Lëtzebuerg bruecht, a Begleedung vum UNO-Flüchtlingswierk UNHCR an der internationaler Organisatioun fir Migratioun.
Zwee Deeg drop, also nächste Freideg, fléien da 50 Mineuren, aus Lager, an Däitschland.
Eng 1.600 Flüchtlingskanner solle jo vu griicheschen Inselen aus op aner EU-Staate verdeelt ginn.