DiddelengNach net gekläert, wéi et mam Site vu Liberty Steel weidergeet

Monica Camposeo
De Ministère wéilt sech awer beméien, fir dass déi ronn 250 Aarbechter kuerzfristeg hir Paie weider ausbezuelt kréien, heescht et vum Franz Fayot.
© RTL-Archiv

D'Volontéit vu Säite vum Wirtschaftsministère, fir d'Wierk mat senge Salariéen ze erhalen, ass do, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot an enger Froestonn en Dënschdeg de Mëtten an der Chamber. Ma et sollt een elo näischt iwwert de Knéi briechen, well et ëmmerhin och ëm Steiergelder geet. Et soll net an e Faass ouni Buedem investéiert ginn, esou nach de Wirtschaftsminister op d’Fro vum LSAP-Deputéierten an Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana.

An d'Situatioun wier effektiv seriö an ugespaant. De Ministère wéilt sech awer beméien, fir dass déi ronn 250 Aarbechter kuerzfristeg hir Paie weider ausbezuelt kréien. Kuerz bis mëttelfristeg sollen och d'Aktivitéite vum Site zu Diddeleng erhale bleiwen, och wann d'Wierk den Ament net voll ausgelaascht ass. Laangfristeg soll da gekuckt ginn, fir de Site als feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Stolindustrie z'erhalen.

Den Dossier wier awer onduerchsichteg a komplex, betount de Franz Fayot, dofir wier een och mat der wallounescher Regierung a Kontakt, well de Site vun Diddeleng am Binôme mam Wier vu Léck fonctionéiert. Mat de Gewerkschaften um Terrain gëtt den Ament och gekuckt, fir eng laangfristeg Léisung kënnen ze fannen. D'SNCI krut als staatlech Investitiounsbank den Optrag, fir méiglech Pisten ze analyséieren, wéi dann eng méiglech Investitioun vum Staat kéint ausgesinn.

Nach net kloer, wéi et mam Site vu Liberty Steel weidergeet
De Ministère wéilt sech awer beméien, fir dass déi ronn 250 Aarbechter kuerzfristeg hir Paie weider ausbezuelt kréien, heescht et vum Franz Fayot.

Weider Sujeten aus der Chamber

Nieft der méiglecher Investitioun vu Steiergelder an de Stolkonzern ass an der Froestonn an der Chamber en Dënschdeg de Mëtteg och iwwert den ëffentlechen Transport rieds gaangen. Wéi sech d'Investitioun an den gratis ëffentlechen Transport op d'Entwécklung vun den Passagéierzuelen ausdréckt, huet den CSV-Deputéierte Serge Wilmes gefrot.

Wourop den zoustännege Minister François Bausch e positiven Trend opgewisen huet. Dat virop beim Tram, mä net nëmmen. Beim RGTR gouf am éischte Mount eng Hausse vun 20 Prozent gemooss, wat d'Passagéierzuelen ugeet. Wéinst der Pandemie kann awer den Ament kee geneeë Bilan gezu ginn. Och bei den CFL konnt e positiven Trend constatéiert ginn.

Den Zuch méi attraktiv maachen, dat ass jo duerch Nuetszich scho méi laang am Gespréich. Virun allem fir de Fluchverkéier bannent Europa och erofzedrécken. Wou dee Projet drun ass, wollt d'CSV-Deputéiert Oktavie Modert wëssen. Et sollt ee sech Strecken eraussichen, déi net a Konkurrenz mam TGV stinn, esou den Transportminister François Bausch. Wichteg wier et, grouss Stied mateneen ze verbannen. Fir Lëtzebuerg bedeit dat eng Verbindung mat Bréissel an der Schwäiz, bis erof an Italien.

Den Ament géingen och scho Gespréicher mat Däitschland lafen, wou Potenzial fir eng Nuetszuch-Verbindung géing bestoen.

Back to Top
CIM LOGO